top of page

Kidsdays Tombola

Aktualisiert: 2. Jan. 2023


MERCI dem Ariel PIETRASIK fir den Trikot vun der polnescher Nationalekipp deen op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. - 06.01.2023 wäert verloust ginn.

Den Ariel huet am Alter vun 8 Joer mam Handball ugefaang an dat bei eis zu Miersch. Mat 15 Joer ass den 2,02 m grousse lénke Réckräumspiller bei den HC Bierchem gewiesselt. Ab 2016 ass hie fir d'Seniorsekipp vu Bierchem opgelaf. Mat Bierchem huet hien och 2x am EHF Challenge Cup esou wéi am EHF European Cup deel geholl. Am Summer 2021 ass den Ariel an d'Schwäizer 1. Liga bei den TSV St. Otmar St. Gallen gewiesselt. An der Saison 2021/22 gouf hie mat 182 Goaler, dovunner 7 per Siwemeter, zweetbeschte Marqueur an der Schwäizer Handball League, obwuel hien durch eng Verletzung sechs Wochen huet misste pauséieren.

Mat der polnescher Nationalekipp huet den Ariel esouguer un der Europameeschterschaft 2022 (12. Plaz) deel geholl. Hei huet hie 6x a 5 Asätz getraff.

Mir wënschen dem Ariel och weiderhin eng gutt Gesondheet a vill Succès op sengen professionelle Wee a si frou hien och ëmmer nees zu Miersch begréissen ze dierfen.


17 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page