top of page

KidsDays Tombola 8

Autorenbild: Mersch75Mersch75

MERCI dem Daniel Scheid vum HB Red Boys Differdange fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verlousen. Den Daniel ass lëtzebuergeschen Nationalspiller an huet déi lescht Saison d’Coupe mat de Red Boys gewonnen (23 - 28 an der Finall géint Esch).

Red Boys - 8x Champion


Ee GROUSSE MERCI dem Alexandros Vasilakis fir d’Organisatioun vu folgenden Trikote vun 3 Handball-Legenden. Dës ginn op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verloust.

Vun der griichescher Ekipp Olympiakos Athen Robert Weber Éisträicheschen Nationalspiller, huet ënner anerem zu Balingen a Magdeburg (2009-2019) gespillt wou hien och Kapitän war. Mat 2.454 Goaler an der Bundesliga (dovunner sinn 1.224 vum 7-Meter geschoss), gehéiert den Éisträicher zu de 5 beschte Scorer vun allen Zäiten an der Bundesliga.

Olivier Nyokas Franséischen Nationalspiller, Sëlwer-Medaille bei der Olympiade a Brasilien 2016, Weltmeeschter 2017 a sengem Heemechtsland. Hien huet fir Paris St Germain gespillt an zesumme mam Alexandros zu Balingen (2014-2016) an duerno ass hien op Nantes gewiesselt (2016-2021) ier hien no enger Tëschestatioun zu Skopje, op Athen gaangen ass.

Grigorios Sanikis Laut dem Alexandros ass de Grigorios ee vu senge beschte Matspiller a senger ganzer Karriär gewiescht. An der Bundesliga ware seng Statioune SG Kronau-Östringen an MT Melsungen wou hie 4 Joer mam Alexandros zesumme gespillt huet. Dem Grigorios säi Spëtznumm an der Bundesliga war “the professor” well hien ee geniale Pass-Spiller war. Mat der griichescher Nationalekipp war säi gréissten Erfolleg déi 6. Plaz bei der WM 2005 an Tunesien.


MERCI de Füchse Berlin fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verlousen.

2021 | Vize-Titel im Europapokal (EHF European League) 2018 | Vize-Titel beim IHF Super Globe (Vereinsweltmeister) 2018 | Europapokal-Sieger (EHF-Pokal) 2017 | Vize-Titel beim IHF Super Globe (Vereinsweltmeister) 2017 | Vize-Titel im Europapokal (EHF-Pokal) 2016 | Titelverteidiger beim IHF Super Globe (Vereinsweltmeister) 2015 | Sieger beim IHF Super Globe (Vereinsweltmeister) 2015 | Europapokal-Sieger (EHF-Pokal) 2014 | DHB-Pokalsieger 2014 | 3. Platz im EHF Cup 2014 | 5. Platz in der DKB Handball-Bundesliga 2013 | 4. Platz in der DKB Handball-Bundesliga 2012 | 3. Platz in der DKB Handball-Bundesliga 2012 | 4. Platz VELUX EHF Champions League 2011 | 3. Platz in der 1. Bundesliga und damit Qualifikation zur Champions League 2007 | Aufstieg in die 1. Bundesliga 1984 | Vize-Pokalsieger 1982 | Als Aufsteiger die Saison als 3. der 1. Handball-Bundesliga beendet

 
 
 

Comments


  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube

Bleift informéiert an abonnéiert eise Newletter.

Merci fir ären Interressi!

B.P. 75 L-7501 Mersch

rue des Prés L-7561 Mersch

info@mersch75.lu Tél: 288 00 399

Kto: LU73 0019 2200 0860 7000

© 2025 Mersch75, Handball Club

bottom of page