





Eis Kidsdays am Iwwerbléck
-
Wat sinn d'Kidsdays? Eng Initiativ vum Handball Mersch75, déi de Kanner d'Méiglechkeet bitt, op eng spilleresch Aart a Weis nei Sportaarten z'entdecken an ausprobéieren. Nieft dem Sport sti bei eis och de Spaass an der Grupp an d'Schléisse vun neie Frëndschafte am Mëttelpunkt.
-
Fir Wien? All Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer.
-
Wéini?
-
Kanner vun 9-12 Joer: Vu- bis
-
Kanner vu 6-8 Joer: vu-bis
-
Auerzäit: All Dag vu
-
-
Wou? Zu Miersch, am a ronderëm de Sportszenter an der Rue des Près an um Krounebierg. Mir notzen déi verschidde Sportshalen a baussenzeg Terraine fir e variéierte Programm.
-
Wat steet um Programm? All Dag ginn nei Aktivitéiten ugebueden, fir dass fir jidderee-ppes dobäi ass: vun Handball a Basketball iwwer Lacrosse bis hin zum Danzen a villes méi!
-
E Succès, deen all Joer wiisst
Mir si frou, dass eis Kidsdays ëmmer méi Kanner begeeschteren:
-
2022: 75 Kanner an enger Woch
-
2023: 150 Kanner an enger Woch
-
Mini-Kidsdays 2025 (fir 5-7 Jäereger): 45 Kanner an zwee Deeg
-
2025: 200 Kanner an enger Woch
Informatiounen zur Umeldung
-
Käschten: D'Participatioun ass fir d'Kanner aus de Maisons Relais komplett gratis.
-
Flexibilitéit: Dir kënnt als Maison Relais un esou vill Deeg deelhuele, wéi et fir Iech organisatoresch am beschte passt.
-
Umeldung:
-
Mellt eis Ären Interessi mat enger geschater Zuel vu Kanner via E-Mail un jugend@mersch75.lu.
-
D'final Zuel vun de Participante mellt Dir eis da kuerz virun den Kidsdays, fir dass mir d'Gruppen optimal plange kënnen.
-
Fir all weider Froen oder Informatioune sti mir Iech gären zur Verfügung.
Mir freeën eis drop, Iech an d'Kanner bei der drëtter Editioun vun de Kidsdays begréissen ze däerfen.
Mat sportleche Gréiss,
D'Jugendkommissioun vum Handball Mersch 75








