... mee leider fir eis sinn Punkten op Rëmeleng gaangen. Dat Villes méiglech ass konnte Ee Gëschter beim Match Mersch75- HB Rëmeleng gesinn.
22:27min 15-10 vir--- HZ 15-16 an der 46 min 24-32 jeeweils fir Rëmeleng
57:03 34-34 57:53 35-34 Miersch war vir, awer zum Schluss eben net 35-36 houscht et zum Schluss.
Wat soll een elo bewäerten
De Virsprong deen eis Ekipp an der éischter Hallschent opginn huet?
Déi 9-16 Goaler déi vun der 30:00-48:19 geschoss goufen oder
d’Endresultat wou mat engem Goal Ënnerscheed verluer gouf. 35-36
Den Asaz vun eiser Ekipp bis zur 23 Min
Den Asaz vu Rëmeleng vun der 23-46 Minutt
Den Asaz vu Miersch vun der 46-60:00 och wa Rëmeleng gewonnen huet mat 35-36
Oder déi wierklech vill individuell Feeler vun eisen eenzelen Spiller wärend dem Match oder just déi wou an de leschte Minutte gemaach gi sinn oder….
Wat soll den Trainer maachen. Wat sollen Spiller maachen. Opginn ass keng Optioun, mir mussen an der Axa League bleiwen.
Commentaires