top of page

Kidsdays News Tombola

Aktualisiert: 2. Jan. 2023

Mersch75 fühlt sich sehr dankbar – hier: Mersch75. Gepostet von Jeff Schuster · ·

Kidsdays 2023 TOMBOLA #8 MERCI dem Gilberto Duarte vum Handball FRISCH AUF! Göppingen fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verlousen. De Gilberto huet säin 1. Profikontrakt mat 17 Joer beim FC Porto ënneschriwwen. An der portugisescher Nationalekipp huet hien an 114 Matcher bis elo 306 Goaler geschoss. 2007-2016 FC Porto (7x Champion mat Porto, 2x Supercoupe) 2016-2018 Wisla Plock (2x Champion – 95 Matcher, 245 Goaler) 2018-2019 FC Barcelona (1x Champion, 1x Coupe, 1x Soupercoupe – 50 Matcher, 113 Goaler) 2019-2022 Montpellier HB (88 Matcher, 183 Goaler) 2022-haut Frisch Auf Göppingen Info: www.mersch75.lu www.frischauf-gp.de #mersch75 #Mersch #handballassméi #gilbertoduarte #frischaufgöppingen

Kidsdays 2023 TOMBOLA #9

MERCI dem Bob Bertemes fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verlousen. De Bob huet 2014 mat 19,36 Meter een neie lëtzebuerger Rekord am Bommstoussen opgestallt. 2015 huet hie sech mat engem neie lëtzebuerger Halerekord mat 20,56 Meter fir d’Finall vun der Halen-EM zu Prag qualifizéiert. Aktuell leie seng lëtzebuerger Rekorder bei 22,22 Meter am Fräien a bei 21,03 Meter an der Hal.

MERCI dem Paulo Moreno vum SL Benfica Lissabon fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. – 06.01. verlousen.

De Paulo ass kapverdianeschen Nationalspiller a spillt aktuell SL Benfica Handball wou hie Kapitän vun der Ekipp ass. 2022 huet hien d’European League mat Benfica gewonnen. Mam Cap-Vert huet de Paulo sech fir WM 2021 an Egypte qualifizéiert, d’Ekipp huet awer leider wéinst Corona nom 1. Match misste Forfait erkläre fir de Rescht vum Turnéier. Beim Championnat d’Afrique 2022 huet de Cap-Vert d’Finall erreecht.

Benfica: 1x EHF-Coupe (2022) 7x Champion 6x Coupe 7x Supercoupe 2x Ligacoupe www.slbenfica.pt/fr-fr/modalidades/andebol

Kidsdays 2023 TOMBOLA #7

MERCI dem Vladimir Temelkov vum Handball Käerjeng fir den Trikot dee mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. - 06.01. verlousen.

De Vladimir huet mat der mazedounescher Nationalekipp op der WM 2009 a Kroatien déi 11. Plaz beluecht an dobäi 35 Goaler geschoss. 2012 goufe sie op der EM a Serbien déi 5. An 78 Matcher an der Nationalekipp huet de Vladimir am Ganzen 243 Goaler geschoss. 1998-2003 RK Pelister 2003-2005 VFL Pfullingen 2005-2008 Willstätt-Ortenau 2008-2009 Balingen-Weilstetten 2009-2011 HR Ortenau 2011-haut HB Käerjeng

HB Käerjeng: 33x Champion bei den Dammen 21x Coupe bei den Dammen 2x Champion bei den Hären (2014, 2018) 4x Coupe bei den Hären (2004, 2008, 2015, 2016) www.hbk.lu www.facebook.com/HandballKaerjeng

Kidsdays 2023 TOMBOLA #5

MERCI dem Marie Schreiber vum #tormanscyclocrossteam fir déi 3 Trikoten déi mir op eise Kidsdays 2023 vum 02.01. - 06.01. wäerte verlousen.

D’Marie fiert ëmmer méi TOP-Resultater am #cyclocross op internationale Coursen, esou zum Beispill eng exzellente 4. Plaz op den U23-Europameeschterschaft de 6. November 2022 zu Namur.

Leider erkaabt de Kalenner dem Marie net fir perséinlech kënne bei eisem Vëlos-Atelier dobäi ze sinn.

4 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

Comments

bottom of page