top of page

KIDSDAYS 2024 Infos

Aktualisiert: 3. Dez. 2023

‼️Kidsdays 2024 ‼️



Hei éischt Infoe iwwert eis Atelieren.



ATELIER #22 - Goba Rückschlagspielform


Goba („Go and Back“) ass een an der Schwäiz erfonntent Rückschlagspill bei deem ee mat enger Rackett an engem Ball entweder géint eng Mauer oder zu zwee spillt. Dobäi hunn an dësem Fall d’Racketten net ewéi beim Tennis ee Grëff deen een unhält, mee d’Rackett besteet just aus enger Schlagfläch déi een un der Hand fest mécht. Mat dëser Schlagfläch déi d’Handfläch esou vergréissert, probéiert een de Ball ze spillen. Doduerch dass d’Rackett direkt mat der Hand verbonnen ass gëtt heibäi d’Aen-Hand-Koordinatioun gefuerdert an et mécht et fir d’Kanner méi einfach de Ball ze treffen.


ATELIER #21 - Zumba


Zumba ass eng Sportaart déi äus Danzelementer an Aerobikelementer besteet. Et ass eng Sportaart bei där een op latäinamerikanesch Musik a Beweegungen de ganze Kierper trainéiert. Et ass esou ze soe Fitness mat Spaass un der Beweegung vermëscht. Heibäi léiert ee genau esou wéi beim Danzen deen eegene Kierper aschätzen a seng Grenzen kennen. Zumba ass dann och konditionell geprägt well een den Kierper vill beweegt an net esou vill Rouphasen huet.


ATELIER #20 - Baseball

Baseball zielt zu de Schlagballspiller déi mat 2 Ekippe gespillt gëtt. Den Haaptpunkt vum Baseball läit awer op dem Duell tëscht dem Pitcher an dem Batter. De Pitcher probéiert de Ball esou ze schéissen dass de Batter en net mam Schléier trëfft an emgedréint probéiert de Batter de Ball ze treffen. No dem Duell muss de Batter da probéieren esou séier ewéi méiglech 4 Bases (Matten) ofzelafen ier déi aner Ekipp de Ball zeréck bruecht huet. Fir dës Sportaart bräuch een also eng gutt Koordinatioun mam Schléier an awer och eng gutt Sprintgeschwindegkeet. Außerdem bräuch een e gutt gefill mam Ball als Pitcher an an der Verteidegung.

Beckerich Hedgehogs www.myhedgehogs.com www.bsfl.lu


ATELIER #19 - Kämpfen und Raufen


Kanner kämpfen a rollze gären ënnerteneen. Bei dësem Atelier kréie sie d’Chance dat ze maachen. Bei verschiddenen Übunge kréie sie dobäi bäibruecht hier eege Kraaft anzeschätzen a léieren hiere Kierper kennen. Heibäi léieren d’Kanner och wichteg Saachen ewéi Respekt a Fairness am Ëmgank matenneen. A fir den Elteren d’Angscht ze huelen dass et vielläicht ze geféierlech fir hier Kanner ass, dat Ganzt gëtt an engem Rahme gehalen an et gi ganz kloer Regelen dass kee sech wéih deet.


ATELIER #18 - Danzen


Egal op Tango, Cha-Cha-Cha oder einfach nëmmen an der Disco, danze mécht Mënsche glécklech. Danzen ass wéi all Mënsch weess kierperlech ustrengend well een déi ganzen Zäit säi Kierper beweegt. Dofir ass eng héich Koordinatioun néideg fir dass ee sech am richtegen Rythmus beweege kann. Fir Kanner ass Danzen och ee gudde Wee fir sech auszepoweren an hiere Kierper besser kennen ze léieren. Beim Danze kënnen d’Kanner hierer Kreativitéit matt hieren eegene Kierperbeweegungen dann och fräie laf loossen. www.artinmotion.lu


ATELIER #17 - Pickleball


Pickleball, eng Mëschung äus Badminton, Tennis an Dëschtennis, gouf viru ronn 60 Joer an den USA erfonnt. Am Géigesaz zum Tennis ass den Terrain nëmmen hallef esou grouss, d’Netz awer genau esou héich. Äusserdem ass beim Pickleball de Ball net esou séier ewéi beim Tennis. Dëst suergt dofir dass Pickleball méi dynamesch a méi schnell ass ewéi Tennis. Wichteg ass also eng héich Reaktioun a Schnellegkeet.


ATELIER #16 - Parkour


Parkour, dat duerch Filmer an Dokumentatioune bekannt ginn ass, huet et zum Zil esou séier ewéi méiglech duerch d’Beweegungsfäegkeete vum eegene Kierper vun A op B ze kommen. Traditionell war d’Iddi sech duerch d’urban Ëmgéigend ze beweegen andeems een einfach iwwer Obstaclen déi am Wee sinn driwwer geet amplaz sech dovun ophalen ze loossen. Beim Sport Parkour ginn dofir Hindernisparcourser obgebaut wou d’Kanner musse probéieren esou séier ewéi méiglech duerch ze kommen.

No Obstacle Asbl www.obstacle.lu #parkour


Atelier #15 - Beweegungslandschaften


Äert Kand wollt schonn ëmmer eng Kéier op eng Abenteuerspillplaz? Da si Beweegungslandschafte genau dat Richtegt. Heibäi hunn d’Kanner d’Méiglechkeet fir hier eege Beweegungsfräiheet ze notzen. Egal op Rullen, Sprangen, Lafen, Krabbelen oder nach vill aner Beweegungsforme fir bei de Beweegungslandschafte weider ze komme bräuch een dës alleguer.

An et léiert ee seng eegen Entscheedungen treffen wann ee wëll déi eenzel Obstacelen iwwerwannen.


Atelier #14 - Fussball


Fussball, de Lieblingssport fir sech waarm ze maache bei den Handballspiller. Och wann et mam Fouss an net mat der Hand gespillt gëtt huet et awer vill Gemeinsamkeeten. Heibäi léiert ee genau ewéi am Handball an enger Ekipp zesummen ze spillen. Dësweidere gëtt och dobäi gutt un der Koordinatioun geschafft. Virun allem kënnt et awer och op eng gutt Schnellegkeet un. Dëst kënnt dir op de Kidsdays erliewen. Mat klengen Atelieren an Übungen wëllen mir Iech och des Sportaart méi no bréngen.

Georges Elsen Uefa-A Diplom, mat Erfahrung als Co-Trainer an der BGL (FC Etzella Ettelbruck) an als Haapttrainer an der éischter Divisioun (FC Sporting Mertzig). Laang Zäit täteg als Jugendkoordinator an Jugendtrainer beim FC Sporting Mertzig. Elo aktuell U19-Trainer bei de Meedercher vun der FLF - site officiel.

Tania Matos Trainer bei den Jugendekippen an och beim Staff vun den Häre vum CS Fola Esch. www.csfola.lu/spiller-82006v4/players/304715?lang=de


Atelier #13 - Indiaca


Indiaca ass eng Sportaart dei ähnlech wéi Volleyball mat engem Ball (an dësem Fall den Indiaca) iwwert een Netz gespillt gëtt. Dat spezialt um Indiaca ass d’Form vum Ball an dass de Ball hanne Fiederen huet wouduerch de Ball natierlech ee komplett anert Verhalen huet ewéi een normale Ball. Indiaca ass nach eng jonk Sportaart déi awer zu Lëtzebuerg schonn zimlech beléift ass. Et ass eng dynamesch an schnell Sportaart. Well et eng Ekippesportaart ass, gëtt heibäi den Teamgeescht gefuerdert an och d’Matenne vun de Kanner gëtt verbessert.


Atelier #12 - Karate

Karate ass eng vun deene bekanntste Kampfsportaarte vun der Welt. Et handelt sech ëm eng Kampfkonscht äus Japan. Bei dëser gëtt de ganze Kierper benotzt wouduerch ee Kierperspannung, Koordinatioun, Reaktiounsfäegkeet a Konzentratioun trainéiert. Natierlech ass Karate och gutt fir dass d’Kanner léiere sech selwer ze verteidege wann et eng Kéier néideg ass. Beim Karate léieren d’Kanner och sech selwer an hiere Kierper besser kennen.


ATELIER #11 - Fechten


En garde ! Dëst ass de Kommando mat deem de Kampfriichter d’Fechter dozou opfuerdert sech bereet ze maachen. Och wa Fechte fréier een Duell war wou Leit sech verletzt hunn, ass et haut eng Sportaart wou ee muss séier a beweeglech si fir Erfolleg ze hunn. Beim Fechte gëtt mat engem Florett, engem Degen oder engem liichte Säbel vun 2 Leit géintenee gekämpft. Doduerch dass déi eenzel Waffen net schaarf sinn an een eng extra Schutzkleedung un huet gëtt et och kee Bedenken an puncto Sécherheet fir d’Fechten. Och dës interessant Sportaart kënnen d‘Kanner dëst Joer zesumme mam Cercle d'Escrime Nordstad bei de Kidsdays erliewen.


ATELIER #10 - Basket


#basketball gëtt am Géigesaz zu Fussball an Handball net op ee Gol mee op ee Kuerf gespillt. Am Basket ass Schnellegkeet an Dynamik gefrot. Et ass awer och wichteg eng gutt Technik mat deem grousse Ball ze hunn. Den Teamgeescht ass heibäi awer genau esou wichteg ewéi dat spillerescht Kënnen. Mir si frou, dass mir dëst Joer de Bob Melcher vun der Amicale Steesel dobäi hu fir eis ze ënnerstëtzen, dëst grad esou ewéi de Black Star Mersch. Hei wäerten et vill Übungen, Atelieren a Spaass ronderëm de groussen orangë Ball ginn.


ATELIER #9 - Mountain Bike


Mam Vëlo duerch de Bësch fueren an dobäi d‘Natur genéissen hunn déi meeschte Leit wahrscheinlech scho selwer eng Kéier erlieft. Wann een dat Ganzt elo als Sport mécht huet een d‘Mountain Bike fueren. Dës Sportaart ass konditionell a kierperlech extrem usprochsvoll. Dobäi kënnt dass een eng gutt Konzentratioun bräuch fir dass een net an engem onuechtsame Moment sech Wéi deet. Et ass also déi perfekt Sportaart fir sech gutt äuszepoweren a seng eege Grenze kennen ze léieren. Et geet awer och drëm seng eegen Angscht ze iwwerwannen. Ee gewëessene Kick ass bei dem ganzen och ëmmer dobäi. Mee dat wichtegst ass ëmmer een Helm dobäi unzedoen.


ATELIER #8 - Badminton

#badminton, oder och Fiederball, huet wuel all Kand schonn eng Kéier iergendwann am Sport an der Schoul gespillt. Dës Sportaart déi, doduerch dass ee mat enger Rackett ee klenge Fiederball treffe muss, erfuerdert eng gutt Hand-Aan-Koordinatioun. Et erfuerdert och eng erhéichten Handelungsschnellegkeet well et eng schnell Sportaart mat engem relativ klengen Terrain ass. Och muss ee séier op de Been sinn an eng gutt Reaktioun hu fir de Fiederball ze treffen ier dësen op de Buedem kënnt. Badminton spillt een entweder am 1 géint 1 oder am 2 géint 2, wouduerch och d’Kommunikatioun mat anere Matspiller wichteg ass an ee gutt als Team muss schaffe kënnen. Mat Hëllef vum Badminton Walfer an dem Badminton Junglinster bidde mir dësen Atelier esouguer 2x un.


ATELIER #7 - Schlofen um Kass-Haff

Vu freides op samsdes an der Nuecht vum 05/01 op de 06/01 gi mir da mat de Kanner op de Kass Haff op Rolleng schlofen. Dëst ass geduecht fir déi e bësse méi grouss Kanner am Alter vun 8-12 Joer. De Kass-Haff ass ee pädagogeschen, dynamesch-biologesche Bauerenhaff. Mir wäerten do mat de Kanner an engem Gemeinschaftsräum schlofen an d’Kanner kënnen déi Rou no der ganzer Woch mat villen Aktivitéite genéissen a fir de leschten Dag Kraaft tanken.


ATELIER #6 – Curling

#curling ass eng Ekippesportaart déi um Äis mat „Steng“ gespillt gëtt. Et kéint ee soen et ass eng Mëschung äus Bowling a Boule/Petanque. D‘ Zil vun der Sportaart ass et säi Steen iwwert d’Äis méi no un de Mëttelpunkt vun engem Kreess rutschen ze loossen ewéi de Géigner. Zu Lëtzebuerg ass dës Sportaart nach ziemlech kleng, erfreed sech awer a Länner ewéi Kanada, Schottland an der Schwäiz z.B. iwwert eng grouss Begeeschterung. Et ass eng Sportaart bei där een eng extrem vill Geschéck bräuch fir dass een den Steen mat der néideger Präzisioun iwwert d‘Äis rutsche ka loossen. De Curling Luxembourg wäert de Kanner weisen dass a wéi dëst geet an dat och ganz ouni Äis.


ATELIER #5 - Lacrosse

Déi kanadesch Nationalsportaart, déi op een alen indianesche Wettkampf zeréck geet, ass eng Ekippesportaart, déi ee mat engem tennisballgrousse Ball an engem Schléier mat Faangnetz op ee Gol spillt. Lacrosse verbënnt verschidden Elementer vum American Football, Feld- an Äishockey esou wéi Fussball. Et gëtt duerch seng Schnellegkeet och dat „schnellste Spill op zwee Been“ genannt. Am Ënnerscheed zum Hären-Lacrosse ass beim Dammen-Lacrosse de Kierperkontakt komplett verbueden, wat d’Spill méi taktesch mécht. Duerch den Handling vum Ball mam Schléier ass et eng Sportaart fir déi ee vill Geschéck bräuch. Op de Kidsdays kënnen d‘Kanner och dës a Lëtzebuerg nach net esou bekannte Sportaart eng Kéier äusprobéieren. Den Henning Schmidt weist hinne wéi et geet.


ATELIER #4 - Street Racket



Street Racket ass wéi Pickleball a Badminton eng Réckschlagsportaart. Am Géigesaz zu anere Réckschlagsportaarte gëtt et beim Street Racket keen Netz mee just ee Räum wou een de Ball net dra spillen däerf. Den Terrain ass och ziemlech kleng wat dofir suergt dass d’Technik an d’Feinmotorik vun den Kanner gefuerdert ginn. D’Sportaart ass och e bësse méi lues esou dass eng gutt Ballkontroll méi einfach gëtt, dëst ass awer duerch de begrenzten Terrain och néideg.

Marc Thrill World Squash Federation Level 3 coach - LuxQF 5 Coach Landestrainer Squash SSRV - Street Racket Coach Squash Factory Schengen - Lëtzebuerg https://www.fsl.lu/index.php/clubs/squash-factory-schengen/


ATELIER #3 - (Äis-)Hockey

#hockey ass eng schnell an dynamesch Sportaart mat engem Schléier an engem Ball. Et muss een eng zimlech gutt Aen-Hand-Koordinatioun hu fir dass ee gutt mat dem Schléier an dem klenge Ball kann ëmgoen. Ee gutt Ballgefill ass also hei néideg. Et muss ee sech och gutt konzentréieren dass et klappt. D’Koordinatioun kënnt bei dëser Sportaart awer och net ze kuerz. Fir een Hockeytraining kréie mir och dës Kéier nees Ënnerstëtzung vun de Beaufort Knights.


ATELIER #2 - American Football

An der Woch vum 02.01. - 06.01. steet eng Sportaart um Programm déi och an Europa rasant u Popularitéit gewonnen huet an deene leschte Joren.

#americanfootball ass eng kierperbetounte Sportaart, wouduerch d’Eltere sech villäicht froen ob et dat richtegt fir ee Kand ass. American Football ass awer méi wéi nëmmen eng haart Sportaart, et geet och ëm vill Taktik an et léiert ee sech een op den aneren ze verloossen a sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen. Mir si frou de Kanner dëst mat Hëllef vun engem American Footballer vun de Raptors Luxemburg vu Réiden méi no ze bréngen.


ATELIER #1 - Handball

#handball ass wandelbar, intensiv a mat vill Leidenschaft verbonnen. Et ass attraktiv fir jiddereen deen sech beim Sport gären auspowert. Et ass eng Sportaart déi sech duerch hire Kampf- an Teamgeescht auszeechent well et komplex an einfach zugläich ass a well verschidde Sportaarten doranner kombinéiert sinn.

D’Spillfeld ass 40x20 Meter grouss. Begrenzungen sinn de 6 a 9 Meter op all Säit, um Terrain stinn sech jeeweils 7 Spiller géint iwwer, woubäi jeeweils een de Goalkeeper ass. D’Spill gëtt geleet vun engem oder 2 Arbitteren. Bei de Kanner gëtt den Terrain, d'Regelen an de Goal jeeweils ugepasst.


45 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page