top of page

In Extremis

Aktualisiert: 28. Sept. 2021

Datt den Handball ee gäile Sport ass, gesäit ee mëttlerweil och mat Mersch75. Et schéngt eriwwer ze si mat den einfache Punkten ze huele fir déi "grouss" Ekippe géint vermeintlecht schwaach Ekippen. Wat gëschter zu Diddeleng lass war konnt ee bal net gleewen. 60 Minutten Kampf, 60 Minutte konnt ee als Zuschauer net am Viraus erroden wien dann elo déi 2 Punkte fir sech kéint ergatteren. Miersch huet säi Bescht ginn, zum Schluss waren et awer déi Diddelenger déi Nues virhaten. 23 Sekonne viru Schluss hat den HBD de Ball, 5 Sekonnen viru Schluss ass hire Schoss op de Goal nach gehale ginn, mee si kruten de Ball zeréck an dunn hunn si Victoire kloer gemaach. Et hätt net solle si fir den Underdock wéinstens ee Punkt mat Heem ze huelen. Nächste Géigner ass elo en Donneschden um 20:00 Auer zu Luerenzweiler, den HBC Schëffleng, wou mir eng grouss Ënnerstëtzung vun eise Fans erwaarten.





 
 
 

Comments


  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube

Bleift informéiert an abonnéiert eise Newletter.

Merci fir ären Interressi!

B.P. 75 L-7501 Mersch

rue des Prés L-7561 Mersch

RCS: F2345

info@mersch75.lu Tél: 288 00 399

Kto: LU73 0019 2200 0860 7000

© 2025 Mersch75, Handball Club

bottom of page