top of page

Gewonnen

Gëschter Owend war et kee gudde Match awer och kee schlechten. Eng Victoire vun 33-28 ass awer ok méi net. Ewéi schonns géint Rëmeleng hu mir och an der Ufanksphase vum Match gewise wien den Här am Haus (Sportshal zu Luerenzweiler) wier. Vu 7:3 an der 10 Minutt bis zu 19:13 war et just den 9:7 an der 15 Minutt wou Schëffleng nach konnt erukommen. Mersch75 huet et ëmmer erëm verstanen sech déi motivéiert Schëfflenger op Distanz ze hale fir an der 55 Minutt op 32-24 alles kloer ze maachen. Schëffleng konnt nach op op 33-28 zum Schluss verkierzen an dat war et da schonn. Een negative Punkt ass dat den Ament Zuschauerresonanz ze wënsche léisst. Eis grouss Hoffnung ass awer dat eis méi Leit solle kucke komme wann et géint den HC Standard Bouneweg geet. Läscht Saison war et deen decisive Match deen eis op déi ganz wichteg 6t Plaz katapultéiert huet. Eng 6t Plaz déi mir wëllen hunn, a wou et eis erlaabt deenen "groussen" Clibb dat eent oder anert Been ze stellen.


26 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page