Et war guer net einfach..
Den HC Standard war ewéi erwaart de staarken Angschtgéigner deen net ze ënnerschätze war. Zweemol ass den HC Standard vir komm 27 Minutt 15:16 an 33 Minutt 17:18. Dat war schonn ee klenge Schock. Mee de Break gouf awer gepackt, an der 42 Minutt, wou mir duerch 2 schéi Goaler vum Alex Diedenhofen op 25:20 fort komm sinn. De Standard krut dat net méi gedréint, schéi Paraden am Goal vum Jérémy Guerder a Goaler vu Massaro, Vasilakis, Cherouveim, Karamehmedovic a Faber. De Match ass schlussendlech mat enger Victoire vun 34-28 fir Mersch75 ofgepaff ginn.
Schued vir déi Mierscher Handballinterresséiert déi net konnten dobäi sinn. Mee mir brauchen Iech awer och nach déi nächst Matcher. Kommt eis ënnerstëtze mir brauchen Iech.