top of page

Den HB Esch kënnt den 19.09. op Luerenzweiler

Aktualisiert: 18. Sept. 2021

Esou "einfach" wéi géint Rëmeleng wäert et wuel net ginn. Kënnt jo mam HB Esch den Champion 20/21 als Gaascht bei eis an déi nei Hal rue de la Vallée zu Luerenzweiler.

Si hunn leschte Samschden mat 29-27 an eegener Hal géint den Matfavorit fir den Titel, d'Red-Boys Déifferdeng gewonnen. Et wäerten och si sinn déi eis de Wee weisen wéi eis Saison wäert ausgesinn. Mir solle ob jiddefalls gespaant sinn wéi eis Optrieden an enger ongewinnter awer schéiner Hal wäert ausgesinn. Dofir kommt eis zuelräich ënnerstëtzen.

Fir Parkplazen ass gesuecht, a sollt trotzdeem alles besat sinn an dem direkten Ëmfeld vun der Hal, sou braucht een nëmmen Richtung Blaaschent erop ze fueren an do eranzefueren wou de P fir Parking steet an dir gitt op eng Parkplaz hannert der Hal weidergeleet.

Dat mir zu Luerenzweiler musse spillen hunn mir dem ville Reen ze verdanken deen mir virun enger Zäit haten. Eis Hal gouf iwwerschwemmt an de Buedem huet sech gehuewen sou dat een neien muss geluecht ginn.

Ee grousse MERCI un eise Buergermeeschter vu Miersch, den Här Michel MALHERBE, deen sech net ze schued war d' Sportsveräiner mat sengem Asaz ze ënnerstëtzen. Hien war et deen mat deene respektiven Buergermeeschter vun Lëntgen, dem Här Henri WURTH, a Luerenzweiler, dem Här Jos ROLLER , ze schwätzen an et méiglech ze maachen dat mir an deene respektiven Halen dierfen trainéieren oder awer och dierfe do eis Matcher ausdroen. ...deisad


23 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

Comments


bottom of page