top of page

De Spigel virun eiser Nues.

Schued ass et wann ee Club aus der Axa League säi Bescht gëtt den Handball am Uelzechtdall wëlle populär ze halen oder ze maachen an Zuschauer awer net esou zuelräich ewéi erhofft eis ënnerstëtze kommen. Ass et da wierklech eng Ursaach dat mir elo zu Luerenzweiler an enger dach schéiner Hal spillen anstatt zu Miersch.

Oder ass et awer eis Ekipp wou ee mengt dat keng Mierscher méi um Terrain vertruede sinn an sech net méi mat der Ekipp identifizéiert kritt. Dozou soll gesot sinn, et stëmmt dat eis Ekipp vu virun 3 Joer eng aner war ewéi elo trotzdeem soll bemierkt sinn dat déi Männer déi mir engagéiert hunn sech awer ganz mat eisem Club identifizéieren. Et soll och erwäänt sinn datt eis jonk Mierscher Spiller kënne profitéiere vun deenen awer dach méi Erfuerener. Näid ass do op der falscher Plaz. Et soll ee vun hinne léieren, Motivatioun hunn fir besser ze ginn. Dat si Saachen déi an eisem ganze Liewe wäerte begéinen.

Fir Uewen an der Axa League ze bestoe muss een sech verstäerken. Et muss een investéiere fir een attraktive Sport ze präsentéieren, dat ass fir all Sportaart de Fall. Investissementer ginn vun ëmmer manner Leit organiséiert, déi sech fir eng Sportart engagéieren. Dat as de Benevol am Benevolat. Een Investissement deen esou fir de Sport gemaach gëtt, bréngt Jidderengem eppes a soll, däerf awer, net negativ kommentéiert ginn. Eis Ländchen ass eent vun de wéinege Länner op der Welt wou iwwer 170 verschidden Natioune wunnen, och dorop soll ee stolz sinn an net ëmmer dat negativt eraus zéihen.

Mir sinn "EINE KLEINE, ABER OFFENE BEVÖLKERUNG" laut engem Artikel op "https://luxembourg.public.lu/de/gesellschaft-und-kultur/bevolkerung/demografie.html"

An esou solle mir déi Mëschung déi et an mëttlerweil alle Sportveräiner gëtt, och akzeptéieren.

Mir si jo och Fans vu Schalke, Köln, Bayern, Porto, Barcelona, Manchester United oder City, Metz, PSG a sou weider fir nëmmen déi ze nennen, wou Mënschen aus de verschiddenste Länner fir ee Club spillen an déi Millioune vun Euro verdéngen a mat deene kréie mir eis komescherweis identifizéiert awer hei an eisem eege Ländchen, kréie mir dat net hin, an déi Spiller hei si keng Stare wéi déi Millionäre wou mir mussen honnerte vu Kilometer fuere mussen an deier Entréeë musse bezuele fir déi ze gesinn an da nach riskéieren der gudder op d'Schëss ze kréie vun Ultra'en deenen de Sport egal ass.

Gi mir esou eng Gesellschaft, si mir esou Eng oder wëlle mir esou Eng ginn? Et wier schued.



21 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page