top of page

23-31 zu Rëmeleng gewonn, no 20 Minutte war de Match entscheed.

Aktualisiert: 13. Sept. 2021

Et war kee spannende Match. Eis Equippe huet sech vun Ufank un de Botter net vun der Schmier huele gelooss.

Eis Männer waren esou gutt drop dat Minettsdäpp vu Rëmeleng net an de Match fonnt hunn. An der Hallschent stoung et schonns 6:18.

Dat déi 2t Hallschent dofir nach just huet misse generéiert ginn ass nëmmen normal. Sou konnt sech d'Rëmelenger Equippe lues eru schaffen an d'Nidderlag a Grenzen halen.

De Mann vum Match war zweiwellos den Alexandros Vasilakis deen net nëmmen 11 Goler geschoss huet, mä mat sengen techneschen Passen op de Krees dem Joe Faber déi néideg Fräiraim ginn huet fir dat hien 5 Goaler konnt schéissen. Op der Géigesäit war et den Vincent Schockmel dee sech mat senge 6 Goaler konnt an Evidenz setzen.

Ee negative Punkt ass awer dem Fränz Rischette seng Blessur. An der Klinik gouf festgestallt dat hien Nues gebrach kritt huet. Mir wënschen eisem sympatheschen Spiller eng gutt a séier Besserung fir dat mir hien erëm schnellstens um Terrain dierfen gesinn.

Goaler fir Rëmeleng: Schockmel 6, Dian 5, Wohanne 4, Kugener 2, Auger 2, Phaeton,Teitgen, Della Schiava an Pacvlovic jeeweils 1

Goaler fir Mersch75: Vasilakis 11, Faber 5, Cherouveim 4, Massaro 4, Mendes Correia 3, Schwachtgen, Biordi, Karamehmedovic an Diedenhofen jeeweils 1

..deisad.






21 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

CoupeMatch zu Miersch géint den HB Esch

Mir haaten eis ee méi eent "einfacht" d'Lous erwaart, mee da musse mir eis elo einfach rappen an versichen den Escher et esou schwéier ewéi méiglech ze maachen. Lets wait and see.

bottom of page