top of page

-KidsDays Sportaarten -
eng Woch fir vill Sportaarte kennen ze léieren

Handball

Handball ass wandelbar, intensiv a mat vill Leidenschaft verbonnen. Et ass attraktiv fir jiddereen deen sech beim Sport gären auspowert. Et ass eng Sportaart déi sech duerch hire Kampf- an Teamgeescht auszeechent well et komplex an einfach zugläich ass a well verschidde Sportaarten doranner kombinéiert sinn. Spillfeld ass 40x20 Meter grouss. Begrenzungen sinn de 6 a 9 Meter op all Säit, um Terrain stinn sech jeeweils 7 Spiller géint iwwer, woubäi jeeweils een de Goalkeeper ass. Spill gëtt geleet vun engem oder 2 Arbitteren. Bei de Kanner gëtt den Terrain d'Regelen an de Goal jeeweils ugepasst.  Präsentéiert vum Ricky Bentz, Alexandros Vasilakis

Bild Projet Handball.jpg

New Games

Bei New Games handelt sech em esou genannten nei Sportaarten. Mat dësen Sportaarten wëllen mir d'Villfalt vun den Sportaarten weisen. Dëst sinn lauter net esou bekannten Sportaarten. Zu dësen zielen Tchoukball an Indiaka, wou Lëtzebuerg 2008 schonns emol Weltmeeschter war, (https://www.tageblatt.lu/sport/indiaca-luxemburger-herren-sind-weltmeister-96203521/) an nach vill méi. Op eisem Kidsdays kann een och déi heiten méi modern Sportaarten dann kennen leieren. Loosst Iech iwwerraschen.

NewGames.jpg

Yoga

Gär gemaach vun Leit fir een Ausgläich zum Alldag ze fannen. Yoga ass gutt fir Konzentratioun,Beweeglechkeet an Kraaft. Et gëtt am Yoga esou wuel meditative geschafft wat gutt ass fir den Geescht, mä och kierperlech. Doriwwer eraus gëtt et awer och Otemübungen wou bei een leiert sech an Stresssituatiounen méi entspaant ze fillen. Och dëst wëllen mir den Kanner dann no bréngen.

Yoga.jpg

Tennis

Beim Tennis handelt et sech em eng Réckschlo-Sportart. Bei dëser Sportaart ass et wichteg schnell op den Been ze sinn an eng gutt Reaktioun ze hunn. Dofir ass natierlech eng gutt Koordinatioun néideg. Konditioun ass heibäi och wichteg. Mais och heibäi kann een an enger Equipe spillen an et leiert een Kommunikatioun ënner eneen um Feld. Um Kidsdays schaffen mir dann mam Tennis Miersch zesummen wier een flotten Tennis Training ze maachen.

tennis-kinder.jpeg

Ernierung

Am Sport genau esou wichteg wei den Training ass fir een Sportler awer och seng Ernierung. Wat soll een Sportler virum Match iessen? Wei ernären ech mech gesond? An lauter weider froen ginn um Kidsdays och vun engem professionellen Ernierungsberater beäntwert. Hei kennen dann och froen gestallt ginn ronderëm Thema Ernierung net nëmmen fir Sportler mä och fir Kanner, Jugendlecher an och d Elteren. Hei fir kënnt den Här Sven Majerus fir alleguer d Fro ze beäntwerten.

Ernährung.jpg

Hockey

Hockey ass eng schnell an dynamesch Sportaart mat engem Schléier an engem Ball. Et muss een eng zimmlech gutt Aen-Hand Koordinatioun hunn fir dass een gutt mat dem Schleier an dem klengen Ball em goen kann. Een gutt Ball Gefill ass also hei néideg. Et muss een sech och gutt konzentréieren dass et klappt. D´ Koordinatioun kennt bei dëser Sportaart awer och net ze kuerz. Fir een Hockey Training sinn mir eis extra Ënnerstëtzung sichen gaangen beim .........  

Hockey.jpg

Judo

Zesummen mam Judo Miersch, wëllen mir een spannenden an ënnerhalsamen Mëtteg/Moien mat dëser japanescher Kampfsportaart maachen. Heibäi leieren Kanner hier eegen Kraaft besser aschätzen an asetzen. Dobäi leieren Kanner verschidden Techniken déi een am Judo fënnt. Et brauch een awer och eng grouss Kierperkontroll an een gudden Gleichgewichtssënn. Wann een dann awer eng kéier fält leiert een hei awer och wei een richteg fält ouni sech wei ze doen.

projektbild-kinderkampfsportschule.jpg

Basket

Basketball gëtt am Géigesaz zu Fussball an Handball net op een Gol mä op een Kuerf gespillt. Am Basket ass Schnellegkeet an Dynamik gefrot. Et ass awer och wichteg eng gutt Technik mat dem groussen Ball ze hunn. Den Teamgeescht ass heibäi awer genau esou wichteg wei daat spillerescht Kennen. Mir sinn frou dass mir een Lëtzebuerger Profi Trainer dobäi hunn fir eis ze ënnerstëtzen, een Training ze maachen. Bei dësem wäert et vill Übungen, Atelieren an Spaass ronderëm den groussen orangen Ball ginn.

youths-21-22.jpg

Fussball

Fussball, den Lieblingssport fir sech waarm ze maachen bei den Handballspiller. Och wann et mam Fouss an net mat der Hand gespillt gëtt huet et awer vill Gemeinsamkeeten. Heibäi leiert een genau wei am Handball an enger Equipe zesummen ze spillen.. Des weideren gëtt och dobäi gutt un der Koordinatioun geschafft. Virun allem kennt et awer och op eng gutt Schnellegkeet un. Dëst kennt dir Op den Kidsdays erliewen. Dësen gëtt ënnerstëtzen vum ............ Mat klengen Atelieren an Übungen wëllen mir Iech och des Sportaart méi no bréngen.

Fussball.png

Vëlo

Eng kéier wei den Andy Schleck bei der Tour de France gewannen, vill Leit hunn sech daat sécher schonn gewënscht. Mir maachen op eisem Kidsdays een klengen Tour mam Vëlo. Dobäi ginn mir vun 3 Cyclisten begleet. Des wäerten dann och hier Geheimnisser iwwert d Vëlo fueren verroden. Beim Vëlo kennt virun allem op staark Been un mä och Technik däerf een dobäi net vergiessen.

Velo.jpg

Kooperations-an Erliefnisspiller am Bësch

Den Spaass soll awer natierlech bei dem ganzen Training net ze kuerz kommen an dofir huelen mir eis een Metten Zäit mat den Kanner an den Bësch ze goen. Frësch Loft, Natur an vill Laachen wëllen mir den Kanner hei bidden. Mat verschiddenen Spiller leieren Kanner hei dann och als Team schaffen an gemeinsam een Zill ze erreechen. Een flotten Dag an der Natur fir Kanner.

L_Kinder_Spielen_August.png

Kiné

Wat ass den Sport ouni Kinéen déi den Sportler hëllefen sech fit ze maachen oder wann een sech emol wei gedoen huet? Mir hunn eis och beméit een Kiné ze kréien, den sech Zäit hellt fir mat den Kanner iwwert Präventioun vun Verletzungen ze schwätzen. Hei bei geet et ënner anerem em Thema Stretching an waarm maachen. Hien ass natierlech och frou den Kanner all hier froen ze beäntwerten.

Pediatrische-kinesitherapie-1.jpg

American Football

Eng Sportaart déi rasant un Popularitéit gewonnen huet an deenen leschten Joren. American Football ass eng extrem kierperbetounten Sportaart, wou duerch Leit sech villäicht froen ob et daat richtegt fir een Kand ass. Mais American Football ass méi wei nëmmen eng haart Sportaart et geet och em vill Taktik an et leiert een sech een op den aneren verloossen an sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Mir sinn frou den Kanner dëst mat hëllef vun engem American Footballer méi no ze bréngen.

american_football_kindersport.jpg

Sportjournalist

Mir hunn dann och nach 2 Sportjournalisten gefrot déi een Dag laascht kommen fir iwwert hiren Aarbechtsalldag an hier Erliefnisser ze erzielen. Dorënner ass och een Handballexpert den och schonn um Fernsee Handball moderéiert huet. Sie sinn genau esou wei all déi aner Leit déi eis hëllefen gär bereet den Kanner all hier froen ze beäntwerten.  

image_20220912115753_ea9132600f7305084b2
bottom of page